De Kamigaito Wado Ryu Karate Club Mamer ass eng Association Sans But Lucratif.
De Club ass Member bei der Féderation Luxembourgeoise des Arts Martiaux (FLAM). En ass och Member bei der Wado International Karate-Do Federation (WIKF).Mir trainéiren an engem groussen Dojo am Hall Sportif Nic. Frantz zu Mamer, deen équipéiert ass mat engem Tatami (Kampfsportmatten), groussen Spiggelen an Makiwara’en.
All Interesséierten däerf onverbindlech a gratis op ee bis zwee Traininge schnuppere kommen. Den Datum vun de Schnuppertrainingen deele mir Iech mat, nodeems dir Iech onverbindlech ageschriwwen hutt a soubal eng Plaz fräi gëtt.
Fir definitiv Member bei eis ze ginn a weider ze trainéieren, braucht Dir no de Schnuppertraininge just nach déi järlech Cotisatioun un de Club ze iwwerweisen, 2 Passfotoen ofzeginn an am Médico-Sportif ze passéieren. (Fir Jonker acceptéiere mir och d’Bonge vum Sportsministère)
Fir de Schnuppertraining geet een Jogging an een T-Shirt vëlleg duer. Mir maachen Iech drop opmierksam, dass mir buerféiss trainéieren.
Um Training kritt dir all néideg Informatiounen, wat déi weider Ausrëschtung ugeet.
Junior
€/Joer*
Jugend
€/Joer*
Erwuessener
€/Joer*
* Kalennerjoer (1. Januar - 31. Dezember)
Sech fir den Examen MÉDICO-SPORTIF aschreiwen: sports.public.lu
Järlech Cotisatioun op de CCPL LU94 1111 0829 2587 0000 vum Kamigaito Wado-Ryu Karate Club Mamer iwwerweisen.
Copyright © 2023 Karaté Club Mamer | mentions légales