Et huet alles ugefaang mam Meeschter
Yoshikazu Kamigaito

Karate club Mamer
Eis Geschicht

Eis Schoul
WADO RYU

Latest News

Ons Coursen fänken de 24. September 2024 erëm un

Den neien Horaire fannt dir op eiser Internetsäit. D’Andeelung an d’Trainingsgruppe fannt dir op eiser Internetsäit.

“Coupe Prince Louis” 30.06.2024

Félicitatioun un all eis Karatekas fir hier excellent Resultater op der "Coupe Prince Louis" zu Walfer  

Tournoi International LION CUP

Formidabelen Exploit vun eisem Karateka Samuele BRUSCELLA beim LION CUP den 07 Juni 2024. De Samuele gewënnt d’Goldmedaille an der Kategorie "Kata...

Album

Wëllkomm beim
Kamigaito Wado Ryu Karate Club Mamer

De Kamigaito Wado Ryu Karate Club Mamer ass eng Association Sans But Lucratif.
De Club ass Member bei der Fédération Luxembourgeoise de Karaté (FLK). Mir trainéiren an engem groussen Dojo am Hall Sportif Nic. Frantz zu Mamer, deen équipéiert ass mat engem Tatami (Kampfsportmatten), groussen Spiggelen an Makiwara’en.

Traineren

Member ginn

All Interesséierten däerf onverbindlech a gratis op ee bis zwee Traininge schnuppere kommen. Den Datum vun de Schnuppertrainingen deele mir Iech mat, nodeems dir Iech onverbindlech ageschriwwen hutt a soubal eng Plaz fräi gëtt.

Fir definitiv Member bei eis ze ginn a weider ze trainéieren, braucht Dir no de Schnuppertraininge just nach déi järlech Cotisatioun un de Club ze iwwerweisen, 2 Passfotoen ofzeginn an am Médico-Sportif ze passéieren. 

Fir de Schnuppertraining geet een Jogging an een T-Shirt vëlleg duer. Mir maachen Iech drop opmierksam, dass mir buerféiss trainéieren. Um Training kritt dir all néideg Informatiounen, wat déi weider Ausrëschtung ugeet.



Accounts

Free Trial

Projects

SSL

Storage

Junior

50

€/Joer*

Manner wéi 14 Joer

Zougang zu all Trainingen

Passeport sportif

Assurance

Obligatoreschen Examen médico-sportif national

Jugend

70

€/Joer*

Vun 14 bis 18 Joer

Zougang zu all Trainingen

Passeport sportif

Assurance

Obligatoreschen Examen médico-sportif national

Erwuessener

70

€/Joer*

Méi wéi 18 Joer

Zougang zu all Trainingen

Passeport sportif

Assurance

Obligatoreschen Examen médico-sportif national

WordPress Pricing Table

* Kalennerjoer (1. Januar – 31. Dezember)

Bäitrag an MÉDICO-SPORTIF

All Member tëscht 7 a 50 Joer, dee Karate praktizéiert, ass obligéiert den nationalen Examen médico-sportif bestanen ze hunn.
Memberen ënner 7 Joer an inver 50 Joer brauchen een Zertifikat vun hirem Hausdokter, deen se apte fir d’Praktizéiere vum Karate schreift.

Järlech Cotisatioun op de Compte

LU94 1111 0829 2587 0000

vum Kamigaito Wado-Ryu Karate Club Mamer iwwerweisen

Sech fir den Examen

MÉDICO-SPORTIF aschreiwen