Ons Coursen fänken e Freideg, den 25. September 2020, erëm un.

Ons Coursen fänken e Freideg, den 25. September 2020, erëm un.

Wéinst dem COVID-19 hu mir zesummen mat der Gemeng Mamer sanitär Moossname getraff fir d’Gesondheet vun onse Memberen, hire Familljen a Frënn ze schützen. Am annexéierte Reglement iwwert d’Organisatioun vun den Traininger am Kader vum COVID 19 fann Dir all Detailer. De neien Horaire vun de Coursen fann Dir zum Schluss vun dësem Mail.

Fir zu all Moment d’Reegele vun der sozialer Distanz anzehalen, limitéieren mir, ausser bei de PANDAS, d’Unzuel vu Sportler pro Training op 12. Duerfir soll all Sportler sech bis spéitstens 12 Stonne virum Training iwwer DOODLE aschreiwen.

OPGEPASST : Just déi Memberen, déi sech iwwert DOODLE ugemellt hunn, ginn an d’Sportshal eragelooss. Dëst gëllt fir jiddereen, ausser fir d’Kanner aus dem PANDA Grupp.

Dat neit Reglement iwwert d’Organisatioun vum Karate’s Training as un d’Membere vum Club verschéckt ginn.

Adaptéiert Trainingszäiten

Dënschdeg
• 17h00-17h40 : Panda 1 (max. 15 Kanner)
• 17h40-18h00 : Lëfte vum Sall
• 18h00-18h40 : Panda 2 (max. 15 Kanner)
• 18h40-19h10 : Lëfte vum Sall
• 19h10-20h30 : Draach (max. 12 Sportler)

Mëttwoch
• 17h30-18h20 : Fuuss (max. 12 Sportler; 1 Mol pro Woch)
• 18h20-18h45 : Lëfte vum Sall
• 18h45-20h00 : Kumité (max. 12 Sportler)

Freideg
• 17h15-18h00 : Fuuss (max. 12 Sportler, 1 Mol pro Woch)
• 18h00-18h20 : Lëfte vum Sall
• 18h20-19h15 : Tiger (max. 12 Sportler)
• 19h15-19h45 : Lëfte vum Sall
• 19h45-21h15 : Draach (max. 12 Sportler)

De Kata’s Training fir d’Competiteuren gëtt während dem normalen Training, a während dem
engen oder anere Stage gemaach.