40. GEBUERTSDAGSFEIER VUM KAMIGAITO WADO RYU KARATE CLUB MAMER

De Karateclub Mamer huet kleng ugefaangen. Si woren zu dräi, den Emile Dax, Alex Schuh, a Nicolas Welsch, déi 1978 de Courage haten fir an d’kaalt Waasser ze sprangen an e Club op d’Been ze stellen.

Deemools ass ee nach komesch bekuckt ginn wann ee Karate gemaach huet, wëll Leit dat als e Kläppersport betruecht hunn.

De Club huet säi Wee gemaach. Heen zielt haut iwwer 140 aktiv Memberen.

Fir d’Éischt gouf am Festsall vun der Jean Marx Schoul trainéiert. Des Schoul ass entretemps ofgerappt. Do wore vill Stagen mam Maître Yoshikazu Kamigaito, deem de Club immens vill ze verdanken hunn. De Maître ass leider virun e puer Joer a Japan gestuerwen a déijéineg déi e kannt hunn behalen e formidabele Souvenir vun him.

1986 as de Club dunn an déi nei Sportshal komm an hat bei der Aweiung eng groussarteg  Demonstratioun ginn. Dat wor d‘Steenzäit vum Mamer Karate.

No e puer Joer huet de Club missen aus der Sportshal réckelen, well d’Ballsportaarten déi ganz Hal gebraucht hunn an de Karate krut e neien Trainingssall am Centre de Loisirs op der Cap. Dee Centre de Loisirs besteet och net méi.

2010 koum de Karate zréck an d’Sportshal, hee kruet en eegene Sall, dee mat deem beschte Sportsbuedem am Land fir arts martiaux equipéiert ass.

100% Benevolat ass de Pilier vun den Aktivitéiten. Keen Trainer a kee Verantwortleche kritt ee Sue. Et gi vill Leit déi behaapten, dat wier e vestepstene Modell. En huet awer 40 Joer laang fonctionnéiert.

Jiddereen dee mat mécht, mécht et aus Iwwerzeegung an net wéinst dem Geld. A jiddereen an dësem Veräin gëtt säi Maximum, vum 6-järegen bis zum 85-järegen. A mir streiden ni wéinst dem Geld.

Am Club sinn haut 140 aktiv Memberen, aus 25 Natiounen. Den Trainingssall ass oft immens gutt gefëllt.

Déi Jugendlech si begeeschtert kreesch dierfen ze doen. Beim Karate entdecken si  d’Méiglechkeeten vun hirem Kierper, si stäerken hiert Selbstbewosstsinn a fannen oft de Wee fir méi gesond an equilibréiert duerch d’Liewen ze goen.

De Club vermëttelt hinnen waat Disziplin a Respekt vu Reegele bedeiten, wéi een sech an e Grupp afügt, an dass een déi aner muss respektéieren. Dat si Wäerter déi mer méi wéi jee brauchen wann mer an der Zukunft an enger geuerdenter, harmonescher an demokratescher Gesellschaft wëlle liewen.

An engem klenge Clip, ze fannen op YouTube ënner Karate Mamer, as d’Philosophie vum  Wierken vum Club resuméiert.

Wéi geet et weider mam Karate Club Mamer? D’Membere vum Club sinn optimistesch a wëllen esou weider fueren. Um Teppech an am Kimono stinn entretemps Kanner vun deenen déi am Ufank an elo nach ëmmer derbäi sinn.  Karate vu Generatioun zu Generatioun. Intergenerationelle Karate. Si droen d’Flaam weider déi d’Grënner ugefaangen haten. An si mussen hëllefen, dass d‘Féierungsstrukturen vum Club an deene nächste Joren evoluéieren an op d’Zukunft preparéiert ginn.

Karate ass neierdéngs eng olympesch Disziplin a wäert deementspriechend 2020 bei de Summerspiller gewise ginn. Dorobber kann ee gespaant sinn.

E grousse Merci un all déi, déi an deene 40 Joer matgehollef hunn.

Vive de Karate Club Mamer

Klicken fir d’Gruppephoto vun 2018 ze kucken

E puer Fotoen vun der Gebuertsdagsfeier sin op Galerie Photos ze gesin.