Le code d’éthique du Dojo

Respekt a Selbstkontroll si grondsätzlech Elementer vum Karatetraining. Serieux Karateka’en probéieren souwuel hire Charakter ewéi hir physesch Konditioun durch den Training ze verbesseren.

SALUT (REI)

Karate as méi ewéi e Sport. Karate bedeit eng Liewensaart a -weis. Als solech verlaangt seng Ausübung Unerkennung, Respekt an Eier.

Unerkennung a Respekt sin dem Professer (Sensei), dem Trainingssall (Dojo) an denen anere Praktikanten geschëllt.

REI as d’Manéier mat deër mir ons Unerkennung an onse Respekt zum Ausdrock bréngen. Den Dojo as de Raum an dem mir den Esprit an d’Technike vum Karate kenne léieren. Mir sollen den Dojo net betrieden mat béisen Absiichten, mat Haas oder feindschaftleche Gefiller, well dat zu geféierleche Situatioune féiere kann. Wa mir am Dojo sin, solle mir entschlossen an zilbewosst awer wachsam optrieden. Mam Salut weise mir dem Professer, dass mir heen respektéieren. Mir weisen ebenfalls, dass mir gewëllt sin haart a gewëssenhaft ze trainéieren. Mam SALUT um Enn vum Training weise mir, dass mir frou woren, bei den Uebungen hun dirfe matzemaachen.

REGELEN AM DOJO

  1. Onnëtzt Geplapper oder Geschwätz, Alkohol, Fëmmen, Knetschgummi, sin am Dojo verbueden.
  2. All Karateka verneigt sech beim Betrieden oder Verloossen vum Dojo.
  3. All Karateka verneigt sech virun dem oder virun de Professeren. Am Dojo pflege mir jo Héiflechkeet a Respekt.
  4. Wann e Professer den Dojo betrëtt, stoppe mir all Aktivitéiten, riichten ons zum Professer zou a verneigen ons.
  5. Mir droen e propperen KARATEGI, keng Schong a keng Strëmp.
  6. Mir befollegen all Uweisungen vum Professor.
  7. Mir nennen onse Professer SENSEI.
  8. Mir huelen all Uweisungen vum Professer zur Kenntnis an äntwerten als Beweis, dass mir verstanen hun, mat “HAI”.
  9. Mir stin net ronderëm d’Hänn an der Taille.
  10. Wa mir ons setze mussen, dann an der Positioun SEIZA oder mat gekräizte Been.
  11. Ons Fanger- a Foussneel si kuerz geschnidden, fir Verletzunge vun anere Pratikanten ze vermeiden.
  12. Mir droe kee Schmock am Dojo.
  13. Mir praktizéiere mat Kontroll, Genauegkeet an ouni Kontakt.
  14. Mir praktizéiere keng nei Formen an Techniken ouni den Avis vum Professer.
  15. Mir hellefen all, den Dojo propper halen.
  16. Wa mir ze spéit kommen, waarde mir bis de Professer ons d’Erlaabnis gët mat ze maachen.
  17. Mir verloossen den Dojo net ouni Erlaabnis vum Professer.
  18. Beim Verloossen vum Dojo kontrolléiere mir, op mir näischt leie gelooss hun.
  19. Egal wat mir maachen, mir siche vollen Asaz. Mir stäerken ons Hänn, ons Been, ons Aerm, a mir soen nët: “Mir maachen et spéider besser”
  20. All Schüler as e Member vun der Karaté-Gemeinschaft. Wann heen si verloose wellt, wann ech glift dem Professer Bescheed soen.