Suspension vum Karate‘s Trainingen

All Karate‘s Trainingen sinn vun elo un a bis op Weideres suspendéiert.

De Kommiteee huet des Entscheedung wéinst der sanitärer Situatioun am Zesummenhang mam Covid 19 an am Respekt vun den Entscheedunge vun der Lëtzebuerger Regierung geholl.

OPGEPASST: D’ Suspendéierung betrëfft als éischt d’Trainingen vun en Dënschdeg 27. Oktober 2020.

Mir wäerten Iech zu gegebener Zäit iwwer d’Reprise vun de Coursen informéieren.

Schützt Iech sou vill wéi méiglech an befollegt d’Instruktioune vun den Autoritéiten.

Mir hoffen datt mer dee schreckleche Virus esou bal wéi méiglech meeschter ginn an datt mir erëm séier ons sportlech Aktivitéite kënnen ophuelen.