Ons Coursen fänken de 27. Abrëll 2021 erëm un.

Ons Coursen fänken de 27. Abrëll 2021 erëm un.

D‘Gemeng Mamer as onsem Wonsch nokomm a stellt ons déi grouss Haal vum Centre sportif Nicolas Frantz esou wéi d’Sportshaal vum Campus scolaire vu Capellen fir ons Traininger zur Verfügung. Dat erlabt ons am Kader vun den aktuellen sanitäre Moossnamen ons Traininger mat der Contrainte vun neien Horairen erëm opzehuelen.
Déi nei Horairen, déi bis zum Schluss vun der Saison (Juli 2021) gülteg sinn, fannt dir zum Schluss vum Mail an op eiser Internetsäit www.karate.lu.

Mir deelen all Kategorië vu Sportler a Gruppen op, fir dass ëmmer déi selwecht Sportler zesummen trainéieren. Dës Gruppe fannt dir och op eiser Internetsäit.

Fir de Grupp vun den DRAACHEN déi Mëttwoches am Centre scolaire vu Capellen trainéieren, as d’Aschreiwung iwwer DOODLE obligatoresch. Duerfir soll all Member vum Grupp vun den Draachen sech bis spéitstens 12 Stonne virum Training iwwer DOODLE aschreiwen. OPGEPASST : Just déi Memberen vum Grupp DRAACH, déi sech iwwert DOODLE ugemellt hunn, ginn an d’Sportshal vum Campus scolaire vu Capellen eragelooss.

All déi aner Gruppen kënnen ouni Umeldung trainéieren. Um Ufank vun all Training ginn d’Presenze geholl.

All Sportler as opgefuerdert den annexéierte Reglement iwwert d’Organisatioun vun den Traininger am Kader vum COVID 19 ze respektéieren.

Dënschdes a Mëttwoches trainéiere mir mat Turnschlappen an den Haalen zu Mamer an zu Capellen. Bréngt also w.e.g sportshaalgëeegnetTurnschlappe mat.

Dëse Videoclip illustréiert d’Regelen déi mir wäehrend dem Karateestraining am Kader vum COVID-19 respektéieren.

Mir bieden all Member seng Cotisatioun virum 1. Training ze bezuelen. ( 50 € < 14 ans ; 70 € > 14 ans ;   CCPL LU94 1111 0829 2587 0000).

Cotisatioune vu Memberen déi nom 1. September 2020 nei an de Club koumen, ginn op 2021 iwwerschriwwen.