Den Training fir de Grupp vun den „Draachen“ fänkt erëm e Freideg un

Den Training fir de Grupp vun den „Draachen“ fänkt erëm e Freideg den 12. Juni 2020 ënner folgende Bedingungen un:

1. Den Training fënnt heibausse statt a nëmmen wann d’Wieder et erlaabt: duerfir um Kalenner vum www.karate.lu eng Stonn virdrun checken op den Training stattfënnt;
2. Mir treffen ons, e Mask virum Gesiicht, um 19h30 virun der Sportshal Nic Frantz a Sportsgezei an Turnschlappen;
3. Et gëtt duerno keng Dusch;
4. Wärend dem Training respektéiere mer permanent en Ofstand vun 2 m.