Et huet alles ugefaang mam Meeschter
Yoshikazu Kamigaito

Karate club Mamer
Eis Geschicht

Eis Schoul
WADO RYU

Latest News

“Ceinture noire 1. DAN” Gonçalo Soares

Mir félicitéieren eisem Karateka Gonçalo Soares fir säin Succès beim Passage de Grade "Ceinture noire 1.DAN".  

“Ceinture noire 1. DAN” Thierry Heirens

  Mir felicitéieren den Thierry Heirens, dee beim "Passage de Grade" vun der FLK, d'épreuve vun der "ceinture noire 1. DAN" mat BRAVO bestanen...

“Coupe Milon 2025” Bettembourg

Excellent Resultater vun eisem Karateka Samuele Bruscella bei der "Coupe Milon" zu Beetebuerg. 1 Plaatz an der Kategorie "Kata masculin Senior" 3...

Album

Wëllkomm beim
Kamigaito Wado Ryu Karate Club Mamer

De Kamigaito Wado Ryu Karate Club Mamer ass eng Association Sans But Lucratif.
De Club ass Member bei der Fédération Luxembourgeoise de Karaté (FLK). Mir trainéiren an engem groussen Dojo am Hall Sportif Nic. Frantz zu Mamer, deen équipéiert ass mat engem Tatami (Kampfsportmatten), groussen Spiggelen an Makiwara’en.

Traineren

Member ginn

All Interesséierten däerf onverbindlech a gratis op ee bis zwee Traininge schnuppere kommen. Den Datum vun de Schnuppertrainingen deele mir Iech mat, nodeems dir Iech onverbindlech ageschriwwen hutt a soubal eng Plaz fräi gëtt.

Fir definitiv Member bei eis ze ginn a weider ze trainéieren, braucht Dir no de Schnuppertraininge just nach déi järlech Cotisatioun un de Club ze iwwerweisen, 2 Passfotoen ofzeginn an am Médico-Sportif ze passéieren. 

Fir de Schnuppertraining geet een Jogging an een T-Shirt vëlleg duer. Mir maachen Iech drop opmierksam, dass mir buerféiss trainéieren. Um Training kritt dir all néideg Informatiounen, wat déi weider Ausrëschtung ugeet.



Accounts

Free Trial

Projects

SSL

Storage

Junior

70

€/Joer*

Manner wéi 14 Joer

Zougang zu all Trainingen

Passeport sportif

Assurance

Obligatoreschen Examen médico-sportif national

Jugend

90

€/Joer*

Vun 14 bis 18 Joer

Zougang zu all Trainingen

Passeport sportif

Assurance

Obligatoreschen Examen médico-sportif national

Erwuessener

90

€/Joer*

Méi wéi 18 Joer

Zougang zu all Trainingen

Passeport sportif

Assurance

Obligatoreschen Examen médico-sportif national

* Kalennerjoer (1. Januar – 31. Dezember)

Bäitrag an MÉDICO-SPORTIF

All Member tëscht 7 a 50 Joer, dee Karate praktizéiert, ass obligéiert den nationalen Examen médico-sportif bestanen ze hunn.
Memberen ënner 7 Joer an inver 50 Joer brauchen een Zertifikat vun hirem Hausdokter, deen se apte fir d’Praktizéiere vum Karate schreift.

Järlech Cotisatioun op de Compte

LU94 1111 0829 2587 0000

vum Kamigaito Wado-Ryu Karate Club Mamer iwwerweisen

Sech fir den Examen

MÉDICO-SPORTIF aschreiwen