Et huet alles ugefaang mam Meeschter
Yoshikazu Kamigaito

Karate club Mamer
Eis Geschicht

Eis Schoul
WADO RYU

Latest News

“OKAMI Cup” Lintgen 08.11.2024

Excellent Performance vun den Athleten vum Karate Club Mamer beim "OKAMI Cup" zu Lëntgen Théodor Aernout ,Gold Medail an der Kategorie ceinture...

“Championnat des Petits Etats d’Europe” 2024

  Den Samuele Bruscella gewënnt d'Bronzemedaill bei den Spiller vun den kléngen europäesche Staaten zu Monaco an der Kategorie "Junior" an...

“Soirée Wintermoments 2024”

De Karate Club Mamer invitéiert iech op säi Fest «Wintermoments 2024» den 30. November 2024, ab 18.00h, an der «ALMHÜTTE»  niewt dem Gemengenhaus zu...

Album

Wëllkomm beim
Kamigaito Wado Ryu Karate Club Mamer

De Kamigaito Wado Ryu Karate Club Mamer ass eng Association Sans But Lucratif.
De Club ass Member bei der Fédération Luxembourgeoise de Karaté (FLK). Mir trainéiren an engem groussen Dojo am Hall Sportif Nic. Frantz zu Mamer, deen équipéiert ass mat engem Tatami (Kampfsportmatten), groussen Spiggelen an Makiwara’en.

Traineren

Member ginn

All Interesséierten däerf onverbindlech a gratis op ee bis zwee Traininge schnuppere kommen. Den Datum vun de Schnuppertrainingen deele mir Iech mat, nodeems dir Iech onverbindlech ageschriwwen hutt a soubal eng Plaz fräi gëtt.

Fir definitiv Member bei eis ze ginn a weider ze trainéieren, braucht Dir no de Schnuppertraininge just nach déi järlech Cotisatioun un de Club ze iwwerweisen, 2 Passfotoen ofzeginn an am Médico-Sportif ze passéieren. 

Fir de Schnuppertraining geet een Jogging an een T-Shirt vëlleg duer. Mir maachen Iech drop opmierksam, dass mir buerféiss trainéieren. Um Training kritt dir all néideg Informatiounen, wat déi weider Ausrëschtung ugeet.



Accounts

Free Trial

Projects

SSL

Storage

Junior

50

€/Joer*

Manner wéi 14 Joer

Zougang zu all Trainingen

Passeport sportif

Assurance

Obligatoreschen Examen médico-sportif national

Jugend

70

€/Joer*

Vun 14 bis 18 Joer

Zougang zu all Trainingen

Passeport sportif

Assurance

Obligatoreschen Examen médico-sportif national

Erwuessener

70

€/Joer*

Méi wéi 18 Joer

Zougang zu all Trainingen

Passeport sportif

Assurance

Obligatoreschen Examen médico-sportif national

* Kalennerjoer (1. Januar – 31. Dezember)

Bäitrag an MÉDICO-SPORTIF

All Member tëscht 7 a 50 Joer, dee Karate praktizéiert, ass obligéiert den nationalen Examen médico-sportif bestanen ze hunn.
Memberen ënner 7 Joer an inver 50 Joer brauchen een Zertifikat vun hirem Hausdokter, deen se apte fir d’Praktizéiere vum Karate schreift.

Järlech Cotisatioun op de Compte

LU94 1111 0829 2587 0000

vum Kamigaito Wado-Ryu Karate Club Mamer iwwerweisen

Sech fir den Examen

MÉDICO-SPORTIF aschreiwen