Passage de grade

All Sportler aus den Trainingsgruppe « Fuuss », « Tiger » an « Draach » kann u bis zu zwee Passages de grade pro Saison deelhuelen. Eis Kanner aus de Gruppe « Panda 1 an 2 » kënnen ee Passage de grade pro Saison maachen. Mir deelen d’Datumer op den Traininge mat a verëffentlechen se am Kalenner vun eisem Club. De Link fir d’Aschreiwung iwwer « doodle » gëtt och an eisem Kalenner verëffentlecht.

De Passage besteet aus 5 Eenheeten, déi bewäert ginn:
  • Kihon: einfach Techniken
  • Renzoku Waza: zesummegesaten Techniken
  • Kata
  • Yakusoku Kumité: virgeschriwwen Übunge mat Partner
  • Jiyu Kumité: fräi Übunge mat Partner

D’Sportler weisen déi eenzel Technike virun engem Jury. Fir am Grad ze klammen, mussen déi 5 Eenheeten op mannst genügend sinn. Ass een Deel net genügend, kann de Karateka fir deen Deel een neien Ulaf op engem vu sengen nächsten Trainingen huelen.