Kamigaito

De “Maître Yoshikazu Kamigaito” ass deen Karate’s-Meeschter, deen dem Karate Club Mamer séng Identitéit gin huet.

De Yoshikazu Kamigaito ass e Personnage mat vill Afloss op den Wado Ryu Karate an der Belsch an zu Lëtzebuerg. Ursprünglech staamt hien aus enger Regioun aus dem Zentrum vu Japan. Geléiert huet hien do fir d’aller eischt Nippon Kempo, waat eng Art japaneschen Boxkampfsport ass. Do derniewt wor hien och am Shotokan, am Goju Ryu an am Shito Ryu Karate aktiv. Opgronn vu sénger méi klénger Statur huet den Kamigaito no neien, méi efficacen Techniken gesicht, an ass dobäi op den Wado Ryu gestouss. Seng sechs Dan-Graden huet den Maître Kamigaito all beim Maître Otsuka perséinlech kritt.

Ufanks vun de 70er Joeren ass de Maître Kamigaito op Louvain komm. Vun do aus huet sech säin Afloss iwwert d’ganz Belsch an och op Lëtzebuerg verbreet. Zwee lëtzebuergesch Schüler vun him – den Nicolas Welsch an den Alex Schuh – wollten di Erfahrung, déi si beim Kamigaito an der Belsch gemaach hun, och un weider Schüler virugin, waat hinnen mëttels der Grënnung vum Karate Club Mamer, souwéi der Organisatioun vun Stagen mam Maître Kamigaito gelongen ass.

Maître Yoshikazu Kamigaito (1ère rangée, 4ème à partir de la droite) lors d’un stage à Mamer, en décembre 1984

De Maître Yoshikazu Kamigaito (1.R., 4. vu riets) bei engem Stage am Dezember 1984 zu Mamer

Während sengem Openthalt an Europa huet de Maître Kamigaito sechs Bicher geschriwwen, déi hien mat eegenen Zeechnungen illustréiert huet.
Am éischte Buch gett beispillsweis de Portrait-Type vun engem Karate-Ka beschriwwen, souwéi di verschidde Stadien, durch déi e Karate-Ka a séngem Liewe ka goen:

  • Le karaté de la vigueur
  • Le karaté de l’harmonie
  • Le karaté où les mouvements d’attaque et de défense sont simultanés
  • Le karaté sans techniques
  • Le karaté sans karaté

Am zweeten Buch beschreiwt de Kamigaito d’Basistechniken (Kihon), am drëtten an am véierten d’Kata’en. Am fëneften gi verschidden Typen vu geregelten Ugrëffs- an Verteidegungs-Schemen duergestalt. Daat sechst Buch vum Maître Kamigaito behandelt verschidden Aspekter vun der Compétitioun.

Yozikazu Kamigaito as a Japan gestuerwen.

kamigaito_livre2