Wado Ryu

Am Karate ginn et traditionell 4 grouss Stilrichtungen, vun deenen de Wado Ryu eng duerstellt.

De Begrëff Wado Ryu kennt vu “Wa” – Fridden, Harmonie; “do” – de Wee; an “Ryu” – Stil, d.h. de Wee vum Fridden, vun der Harmonie.

Gegrënnt gouf de Wado Ryu vum Meeschter Hironori Otsuka. Den Otsuka huet, nodeems en eng länger Zäit Schüler beim Gichin Funakoshi wor, säin eegene Wee am Karate gesicht, an huet sech am Joer 1935 explizit vum Stil vum Funakoshi ewech bewegt. Notamment huet de Meeschter Otsuka den “Ju-Kumite” am Training agefouert (de Funakoshi huet déi Zäit nëmme Kata’en enseignéiert), an zahlreich Elementer aus dem klasseschen, japanesche Ju-Jitsu integréiert.

Eng besonnesch Charakteristik am Wado Ryu (par rapport zum Shotokan) fënnt een an senge méi ekonomeschen, manner prononcéierte Mouvementer, an a senger Betounung vum Prinzip vum Auswäichen.