Ons Coursen fänken de 19. September 2023 erëm un

Déi neien Horaire fannt dir op eiser Internetsäit https://karate.lu/les-entrainements/.

Opgrond vun den aktuelle sanitäre Mesuren an den domadder verbonnene raimleche Contrainte sinn eis Trainingen op maximal 20 Sportler, ouni Trainer, limitéiert. D’Andeelung an d’Trainingsgruppe fannt dir op eiser Internetsäit https://karate.lu/les-entrainements/.

Bedéngt duerch déi héich Unzuel u Sportler fir eis Draachentrainingen (ab 14 Joer) si mir gezwonge weiderhin op een Aschreiwsystem iwwer Doodle zréckzegräifen. Aschreiwe kënnt dir iech jeeweils e puer Deeg am Viraus iwwert de Link deen am Kalenner vum Draachentraining op https://karate.lu/calendrier/ publizéiert gëtt. Dee selwechte Prinzip gëllt och bis op Weideres fir eisen neie Basis-Kata-Training (Mëttwoch 17h30-18h25) , dee mir fir all Sportler ab gieler Ceinture ubidden.

Fir eis Trainingen applizéiere mir d’Regelen vum CovidCheck:

  • Geimpft mat Certificat,
  • oder Getest mat valabelem negative COVID-19 Test-Certificat vun engem Laboratoire, vun Dokteren, vu verschiddene Gesondheetsberuffler, vum Apdikter, vu Schoulen oder vu Gemengen- oder Staatsbeamten ausgestallt
  • oder Geheelt mat Certificat.

Memberen déi kee valabele Certificat kënne virweisen, mussen op der Plaz e Schnell-Antigen-Test maachen. Si mussen hiert eegent Material matbréngen a si gebiede mindestens 15 Minutte virum Cours do ze sinn.

All aner gesetzlech sanitär Moossname musse respektéiert ginn.