Noriichten

Stage- a Summer-Camp

Säit e puer Joer treffen sech all d’Kanner an Erwuessen aus dem Club kuurz virun der Summervakanz op engem Stage-Camp. Hei gëtt traditionell moies an nomëttes e Karate-Training ofgehal, et gëtt zesumme gegrillt, gespillt an diskutéiert. Bis elo huet dese Camp e puer Mol zu Weicherdange, eng Kéier zu Huelmes, an e puer Kéieren zu Iechternach stattfonnt, an huet sech ëmmer als vollen Erfollëg erausgestallt.