Posts by: kcm

l’Assemblée Générale le Vendredi 23 Mars 2018

Le Comité a le grand plaisir de vous inviter à notre fête de famille traditionnelle qui se tiendra au
Centre Culturel à Capellen, route d’Arlon (près de l’église) le Vendredi, 23 mars 2018 à 19.00 hrs.

Tous les parents, conjoints, fiancé(e)s et ami(e)s sont cordialement invités à notre assemblée générale ainsi qu’à notre agape traditionnelle.

Cliquez ici pour l’ordre du jour, le formulaire d’enregistrement, et plus d’informations.

Les réservations doivent se faire avant le 18 mars 2018 au plus tard.

Passage de Grade Gruppe Fuuss, Tiger an Draach

Passage de Grade Gruppe Fuuss, Tiger an Draach

Freides, den 2te Februar 2018

wäiss a giel Ceinturen : 17.15 – 17.45
orange Ceinturen : 17.45 – 18.15
greng Ceinturen : 18.15 – 18.45
blo Ceinturen : 18.45 – 19.30
Draachen : 19.30 – 21.00

Aschreiwung op den Trainingen !

Den 2te Februar ginn am Dojo nëmmen d’Passage de Grade ofgehalen.

Et ass keen normalen Training. Respektéiert w.e.g. d’Auerzäiten an d’Gruppen.

Repêchage : Freides, den 9te März 2018 während dem Training. Et ass keen aner Repêchage virgesinn.

Bestellt Clubkleeder

D’Membere vun eisem Club kennen elo eng Jackett, eng Box, en T-Shirt oder eng Sportstesch mat dem Logo vun eisem Club bestellen.

D’Kleeder ginn ausgestallt an Dir kënnt se bestellen am Hall Omnisport Nicolas Frantz zu Mamer während folgenden Deeg

folgenden Deeg:

Dënschdes de 9 Januar vu 17: 30-18: 30
Freides de 12. Januar vun 18.00 bis 19.00
Dënschdes de 16. Januar vu 17: 30-18: 30
Freides de 19. Januar vu 18: 00-19: 00

Et gëtt preciséiert datt d’Präiser niddereg sinn, well de Club en Deel vun de Käschte fir dë Kleeder iwerhëllt

Wann Dir Froen hutt kënnt Dir e Mail un info@karate.lu schécken.

Kleeserchesfeier 2017

Dem Kamigaito Wado Ryu Karate Club seng Kleeserchesfeier 2017 wor e grousse Succès. Iwwer 70 Membere vum Club hu bei der Demonstratioun vu Karatéstechnique matgemach.

De Kleeschen hat schéi Kadoe fir déi Jéingst matbruecht a no der Demo gouf et vir se all ëppes ze drénken an ze Iessen.

Merci allen déi matgemach hunn. Merci den Traineren, Memberen, Elteren a Frënn vum Karaté.

Klickt hei fir méi Fotoen ze gesinn.

SAVE THE DATE : Kleeserchesfeier

1.Dezember 2017, 19h

Beim Karaté Club Mamer a Centre Sportif Nic Frantz

Grouss Demonstratioun vu Karatéstechniken mat der Bedeelegung vun allen Alterskategorien

Et gi Kadoen fir d’Kanner esou wéi ëppes z’iessen an ze drënken

Falls der wëllt eng Hand mat upaken, mellt iech bei(m) info@karate.lu

De Karate Club Mamer lancéiert seng nei Websäit

De Karate Club Mamer ass frou, de Start vu senger neier Websäit kënnen z’annoncéieren.

plan K advertising (mat Sëtz zu Capellen) hu frëndlecherweis souwuel Zäit a Kompetenz investéiert fir eiser Websäit e sougenannte “facelift” ze verpassen. De Comité vun eisem Club bedankt sech häerzlech fir dese Geste an di vill Aarbecht.

D’Photogallerie ass am Opbau/Ausbau, nei Photoe vu rezenten Evenementer wäerten deemnächst bäigefügt ginn. Och eise Kalenner kritt en Update a gëtt mat wichtegen Datumer a bevirstehenden Evenementer gefëllt. Duerfir zéckt net, fir reegelméisseg e Bléck heirop ze werfen.

Hudd Dir weider Suggestioune fir eis? Schéckt eis eng email un info@karate.lu.

Är Meenung a Remarquen interesséieren eis!

Recycling of karate attire: Tuesday 26 September & Friday 29 September 2017

Äre Kimono ass ze kleng ginn? / Has your Kimono become too small?
GEHEIT EN NITT EWECH!
/ DON’T THROW IT OUT!
ENG ANER PERSOUN KANN E BENOTZEN! / OTHERS WOULD BE HAPPY TO HAVE IT!

Mir sammelen Kimonoen a Karate’s (Ceinture, T-shirts, Trainingskostümer) fir se un aner Memberen vum Club weider ze reechen, mëttels engem klengen Don un de Club. Wann der esou Gezei hutt, da gitt et w.e.g virum 20. September 2017 am Dojo zu Mamer of. Dat Gezei gëtt den 27. an 30. September ausgestallt fir unzemoossen an eventuell mat Heem ze huelen.

We are collecting “gently used” karate attire (white uniforms, belts, and club branded sportswear) to be handed out to other members for a small donation to the club. If you have any karate attire you no longer need, please bring it to the Mamer Dojo no later than Wednesday 20 September 2017. We will then display the donations on 26 and 29 September so members can try on and acquire.

Froen? / Questions?  info@karate.lu