Update iwwer Traininge

Léif Karatekaen, léif Elteren,

De Kommitee wënscht iech dat Bescht fir d’Neit Joer.

Wéi dir wësst, huet d’Lëtzebuerger Chamber e Gesetz mat neie Reegele fir de Sport am Zesummenhang mam Covid 19 gestëmmt. Des Reegele gëllen ab dem 11. Januar 2021.
Dat bedeit fir de Karateclub, dass maximal 7 Leit (den Trainer abegraff) am Karatessall dierfen trainéieren.

Onse Club huet 126 Memberen. Mir missten also 18 Traininge pro Woch organiséieren, mat DOODLE Aschreiwunge fir den Tracing.

Dat ass onméiglech.

Duerfir huet de Kommitee entscheet no Méiglechkeet all Woch e klenge Video-Clip ze produzéieren an un all Member iwwer mail ze schécken. Mat deem Video-Clip kann een doheem trainéieren.

Esoubal d’sanitär Reegele manner restriktiv ginn, wäerte mir Trainingen erëm am Sall ophuelen.

Mir zielen op iert Versteesdemech.

Mat frëndleche Gréiss,

De Komitee vum Karate Club Mamer