Noriichten

Nächst Generalversammlung vum Club

D’Generalversammlung vum Club fënnt e Freideg den 23. Mäerz um 19h am Centre culturel zu Capellen, route d’Arlon (niewt der Kierch) statt.

Passage de Grade – Februar 2019

Passage de Grade fir Gruppe Fuuss, Tiger an Draach
Freides, den 8te Februar 2019

wäiss Ceinturen : 17.15 – 17.45
giel Ceinturen : 17.45 – 18.15
orange Ceinturen : 18.15 – 18.45
greng a blo Ceinturen : 18.45 – 19.30
Draachen : 19.30 – 21.00

Aschreiwung op den Trainingen !

Den 8te Februar ginn am Dojo nëmmen d’Passage de Graden ofgehalen. Et ass keen normalen Training.

Respektéiert w.e.g. d’Auerzäiten an d’Gruppen.

Repêchage : Freides, den 8te März während dem Training. Et ass keen aner Repêchage virgesinn.

40. GEBUERTSDAGSFEIER VUM KAMIGAITO WADO RYU KARATE CLUB MAMER

De Karateclub Mamer huet kleng ugefaangen. Si woren zu dräi, den Emile Dax, Alex Schuh, a Nicolas Welsch, déi 1978 de Courage haten fir an d’kaalt Waasser ze sprangen an e Club op d’Been ze stellen.

Deemools ass ee nach komesch bekuckt ginn wann ee Karate gemaach huet, wëll Leit dat als e Kläppersport betruecht hunn.

De Club huet säi Wee gemaach. Heen zielt haut iwwer 140 aktiv Memberen.

Fir d’Éischt gouf am Festsall vun der Jean Marx Schoul trainéiert. Des Schoul ass entretemps ofgerappt. Do wore vill Stagen mam Maître Yoshikazu Kamigaito, deem de Club immens vill ze verdanken hunn. De Maître ass leider virun e puer Joer a Japan gestuerwen a déijéineg déi e kannt hunn behalen e formidabele Souvenir vun him.

1986 as de Club dunn an déi nei Sportshal komm an hat bei der Aweiung eng groussarteg  Demonstratioun ginn. Dat wor d‘Steenzäit vum Mamer Karate.

No e puer Joer huet de Club missen aus der Sportshal réckelen, well d’Ballsportaarten déi ganz Hal gebraucht hunn an de Karate krut e neien Trainingssall am Centre de Loisirs op der Cap. Dee Centre de Loisirs besteet och net méi.

2010 koum de Karate zréck an d’Sportshal, hee kruet en eegene Sall, dee mat deem beschte Sportsbuedem am Land fir arts martiaux equipéiert ass.

100% Benevolat ass de Pilier vun den Aktivitéiten. Keen Trainer a kee Verantwortleche kritt ee Sue. Et gi vill Leit déi behaapten, dat wier e vestepstene Modell. En huet awer 40 Joer laang fonctionnéiert.

Jiddereen dee mat mécht, mécht et aus Iwwerzeegung an net wéinst dem Geld. A jiddereen an dësem Veräin gëtt säi Maximum, vum 6-järegen bis zum 85-järegen. A mir streiden ni wéinst dem Geld.

Am Club sinn haut 140 aktiv Memberen, aus 25 Natiounen. Den Trainingssall ass oft immens gutt gefëllt.

Déi Jugendlech si begeeschtert kreesch dierfen ze doen. Beim Karate entdecken si  d’Méiglechkeeten vun hirem Kierper, si stäerken hiert Selbstbewosstsinn a fannen oft de Wee fir méi gesond an equilibréiert duerch d’Liewen ze goen.

De Club vermëttelt hinnen waat Disziplin a Respekt vu Reegele bedeiten, wéi een sech an e Grupp afügt, an dass een déi aner muss respektéieren. Dat si Wäerter déi mer méi wéi jee brauchen wann mer an der Zukunft an enger geuerdenter, harmonescher an demokratescher Gesellschaft wëlle liewen.

An engem klenge Clip, ze fannen op YouTube ënner Karate Mamer, as d’Philosophie vum  Wierken vum Club resuméiert.

Wéi geet et weider mam Karate Club Mamer? D’Membere vum Club sinn optimistesch a wëllen esou weider fueren. Um Teppech an am Kimono stinn entretemps Kanner vun deenen déi am Ufank an elo nach ëmmer derbäi sinn.  Karate vu Generatioun zu Generatioun. Intergenerationelle Karate. Si droen d’Flaam weider déi d’Grënner ugefaangen haten. An si mussen hëllefen, dass d‘Féierungsstrukturen vum Club an deene nächste Joren evoluéieren an op d’Zukunft preparéiert ginn.

Karate ass neierdéngs eng olympesch Disziplin a wäert deementspriechend 2020 bei de Summerspiller gewise ginn. Dorobber kann ee gespaant sinn.

E grousse Merci un all déi, déi an deene 40 Joer matgehollef hunn.

Vive de Karate Club Mamer

Klicken fir d’Gruppephoto vun 2018 ze kucken

E puer Fotoen vun der Gebuertsdagsfeier sin op Galerie Photos ze gesin.

Save the date!

De Karaté Club Mamer feiert dëst Joer säi 40. Gebuertsdag mat enger grousser Demonstratioun a Rezeptioun

e Samschdég 15. Dezember 2018 vu 16-18h an der Sportshaal Nicolas Frantz zu Mamer.

D’Elteren, Familjememberen a Frënn vun onse Memberen sinn häerzlechst invitéiert.

Reservéiert Iech den Datum schon lo.

Recycling of karate attire: Tuesday 25 September & Friday 28 September 2018

Äre Kimono ass ze kleng ginn? / Has your Kimono become too small?
GEHEIT EN NITT EWECH!
 / DON’T THROW IT OUT!
ENG ANER PERSOUN KANN E BENOTZEN! / OTHERS WOULD BE HAPPY TO HAVE IT!

Mir sammelen Kimonoen a Karate’s Kleeder (Ceinture, T-shirts, Trainingskostümer) fir se un aner Memberen vum Club weider ze reechen, mëttels engem klengen Don un de Club. Wann der esou Gezei hutt, da gitt et w.e.g virum 21. September 2018 am Dojo zu Mamer of. Dat Gezei gëtt den 25. an 28. September ausgestallt fir unzemoossen an eventuell mat Heem ze huelen.

We are collecting “gently used” karate attire (white uniforms, belts, and club branded sportswear) to be handed out to other members for a small donation to the club. If you have any karate attire you no longer need, please bring it to the Mamer Dojo no later than Friday 21 September 2018. We will then display the donations on 25 and 28 September so members can try on and acquire.

Froen? / Questions?  info@karate.lu

Trainingen fänken en Dënschdeg den 18. September un

Trainingen fir d’Saison 2018-2019 fänken en Dënschdeg den 18. September un.

Sidd Dir un den Aktivitéite vun eisem Club interesséiert? Da kommt eemol laanscht op engem vun eise Trainingen. Mir weisen Iech dann wat mir unzebidden hunn.

Annulation d’entraînements

L’entraînement du vendredi 22 juin de 19h30-21h00 (groupe Draachen) n’aura pas lieu en raison des festivités de la Fête Nationale. Les entraînements des groupe « Fuuss » (17h15-18h15) et « Tiger » (18h30-19h30) auront lieu.

De même l’entraînement du mardi 26 juin 18h30 -20h30 ( groupe Draachen) n’aura pas lieu en raison d’un empêchement des entraîneurs. L’entraînement du groupe « Panda » ( 17h30-18h30) aura lieu.

Le dernier cours de la saison aura lieu le 6 juillet 2018.

Les cours de la nouvelle saison reprendront le 18 septembre 2018.

Passage de Grade Juni 2018

Passage de Grade fir Panda, Fuuss, Tiger an Draach

 

Panda : Dënschdes, den 12te Juni 2018

all Ceinturen :                                  18.00 – 19.00

Aschreiwung op den Trainingen !

Den 12te Juni ginn am Dojo nëmmen d’Passage de Graden ofgehalen. Et ass keen normalen Training. Respektéiert w.e.g. d’Auerzäiten an d’Gruppen.

Repêchage : Dënschdes, den 3te Juli 2018 während dem Training. Et ass keen aner Repêchage virgesinn.

 

Gruppe Fuuss, Tiger an Draach : Freides, de 15te Juni 2018

wäiss Ceinturen :                               17.15 – 17.45

giel Ceinturen :                                   17.45 – 18.15

orange Ceinturen :                             18.15 – 18.45

greng a blo Ceinturen :                      18.45 – 19.30

Draachen :                                           19.30 – 21.00

Aschreiwung op den Trainingen !

De 15te Juni ginn am Dojo nëmmen d’Passage de Graden ofgehalen. Et ass keen normalen Training. Respektéiert w.e.g. d’Auerzäiten an d’Gruppen.

Repêchage : Freides, de 6te Juli 2018 während dem Training. Et ass keen aner Repêchage virgesinn.