Eis Visioun vum Karate

Karate: e Sport an eng Liewensphilosophie

D’Virstellungen déi den “Normalbierger” vis-à-vis vum Karate huet schéngen oft onvollstänneg, wann net esouguer falsch oder verzerrt. Relativ dacks trëfft een z.B op d’ Virstellung, et misst een a jonkem Alter mam Karate’s-Training ufänken, fir datt et nach e Sënn hätt, oder et géif ee sech vill blo Plazen an aner Verletzungen am Training huelen.
La vérité est plus nuancée.

de Karate: e Sport fir Mënschen aus jidder Alterskategorie

De Karate ka souwuel vu jonke Kanner, wéi och vun eelere Leit bis an den “héijen” Alter era praktizéiert gin.

Karate fir Kanner

E gudden Alter fir Kanner, fir mam Karate unzefänken, ass dee vun ongeféier 6 Joer: Si léieren immens séier, si gewannen a kuerzer Zäit vill u Kierperbewosstsin an u Souplesse, an den Training fördert di mental Konzentratioun an d’Disziplin. Fir datt de Karate-Training net de sensibele Kannergelenker schued, ginn am Training üblecherweis di méi Gelenk-belaaschtend Übungen ewechgelooss.

Karate fir déi “manner Jonk”

Selbstverständlech kann een och méi spéit nach mam Karate ufänken: Et ass erwisen, datt och déi manner jonk Leit bei regelméissegem Training nach vill u Souplesse derzou kënne gewannen, och wann se net méi un de selwechte Souplesse-Niveau vu jonke Leit wäerten erukommen. De Karate ass och fir si eng gesond Sportaart, déi zu méi Ausdauer, enger besserer Konzentratiounskraaft an zu engem verbesserte Kierperbewosstsin féiert.

de Karate: e Sport fir di mental a kierperlech Gesondheet