De Karate Club Mamer lancéiert seng nei Websäit

De Karate Club Mamer ass frou, de Start vu senger neier Websäit kënnen z’annoncéieren.

plan K advertising (mat Sëtz zu Capellen) hu frëndlecherweis souwuel Zäit a Kompetenz investéiert fir eiser Websäit e sougenannte “facelift” ze verpassen. De Comité vun eisem Club bedankt sech häerzlech fir dese Geste an di vill Aarbecht.

D’Photogallerie ass am Opbau/Ausbau, nei Photoe vu rezenten Evenementer wäerten deemnächst bäigefügt ginn. Och eise Kalenner kritt en Update a gëtt mat wichtegen Datumer a bevirstehenden Evenementer gefëllt. Duerfir zéckt net, fir reegelméisseg e Bléck heirop ze werfen.

Hudd Dir weider Suggestioune fir eis? Schéckt eis eng email un info@karate.lu.

Är Meenung a Remarquen interesséieren eis!