Category: Non classé

Ons Coursen fänken e Freideg, den 25. September 2020, erëm un.

Ons Coursen fänken e Freideg, den 25. September 2020, erëm un.

Wéinst dem COVID-19 hu mir zesummen mat der Gemeng Mamer sanitär Moossname getraff fir d’Gesondheet vun onse Memberen, hire Familljen a Frënn ze schützen. Am annexéierte Reglement iwwert d’Organisatioun vun den Traininger am Kader vum COVID 19 fann Dir all Detailer. De neien Horaire vun de Coursen fann Dir zum Schluss vun dësem Mail.

Fir zu all Moment d’Reegele vun der sozialer Distanz anzehalen, limitéieren mir, ausser bei de PANDAS, d’Unzuel vu Sportler pro Training op 12. Duerfir soll all Sportler sech bis spéitstens 12 Stonne virum Training iwwer DOODLE aschreiwen.

OPGEPASST : Just déi Memberen, déi sech iwwert DOODLE ugemellt hunn, ginn an d’Sportshal eragelooss. Dëst gëllt fir jiddereen, ausser fir d’Kanner aus dem PANDA Grupp.

Dat neit Reglement iwwert d’Organisatioun vum Karate’s Training as un d’Membere vum Club verschéckt ginn.

Adaptéiert Trainingszäiten

Dënschdeg
• 17h00-17h40 : Panda 1 (max. 15 Kanner)
• 17h40-18h00 : Lëfte vum Sall
• 18h00-18h40 : Panda 2 (max. 15 Kanner)
• 18h40-19h10 : Lëfte vum Sall
• 19h10-20h30 : Draach (max. 12 Sportler)

Mëttwoch
• 17h30-18h20 : Fuuss (max. 12 Sportler; 1 Mol pro Woch)
• 18h20-18h45 : Lëfte vum Sall
• 18h45-20h00 : Kumité (max. 12 Sportler)

Freideg
• 17h15-18h00 : Fuuss (max. 12 Sportler, 1 Mol pro Woch)
• 18h00-18h20 : Lëfte vum Sall
• 18h20-19h15 : Tiger (max. 12 Sportler)
• 19h15-19h45 : Lëfte vum Sall
• 19h45-21h15 : Draach (max. 12 Sportler)

De Kata’s Training fir d’Competiteuren gëtt während dem normalen Training, a während dem
engen oder anere Stage gemaach.

Den Training fir de Grupp vun den „Draachen“ fänkt erëm e Freideg un

Den Training fir de Grupp vun den „Draachen“ fänkt erëm e Freideg den 12. Juni 2020 ënner folgende Bedingungen un:

1. Den Training fënnt heibausse statt a nëmmen wann d’Wieder et erlaabt: duerfir um Kalenner vum www.karate.lu eng Stonn virdrun checken op den Training stattfënnt;
2. Mir treffen ons, e Mask virum Gesiicht, um 19h30 virun der Sportshal Nic Frantz a Sportsgezei an Turnschlappen;
3. Et gëtt duerno keng Dusch;
4. Wärend dem Training respektéiere mer permanent en Ofstand vun 2 m.

Generalversammlung vum 27. Mäerz 2020 ass verluet

Wéinst dem Corona Virus an am Respekt vun den Entscheedungen déi ons Regierung an d’Gemeng Mamer geholl hunn, verleeë mir ons Generalversammlung vum 27. Mäerz op e spéideren Datum.

Mir wäerten Iech iwwert de neien Datum informéieren.

Annulation des entraînements de Karaté

Suite à l’évolution de la situation liée au coronavirus ainsi que des décisions prises par le gouvernement luxembourgeois, il m’importe de vous informer que tous les entraînements de Karaté sont annulés avec effet immédiat.

ATTENTION : L’annulation concerne donc également les entraînements de vendredi 13 mars 2020.

Je vous tiendrai au courant de la date de reprise envisagée.

Protégez-vous au maximum et respectez les consignes qui vous sont données.

J’espère que le monde viendra rapidement à bout du terrible fléau et que nous puissions tous reprendre rapidement les cours dans les meilleures conditions possibles.

Nicolas Welsch
Président

l’Assemblée Générale le Vendredi 27 mars 2020

Le Comité a le grand plaisir de vous inviter à participer à l’Assemblée Générale du Karate Club Mamer, qui se tiendra

le vendredi 27 mars 2020 à 19:00 h à la Salle des Fêtes à HOLZEM, 5 route de Garnich.

Cliquez ici pour l’ordre du jour, le formulaire d’enregistrement, et plus d’informations.

Tous les parents, conjoints, fiancé(e)s et ami(e)s sont cordialement invités à notre assemblée générale ainsi qu’à notre agape traditionnelle.

Les réservations doivent se faire avant le 23 mars 2020 au plus tard.

F T D

Passage de Grade – Februar 2020

Passage de Grade fir Gruppe Fuuss, Tiger an Draach
Freides, den 7te Februar 2020

wäiss Ceinturen : 17.15 – 17.50
giel Ceinturen : 17.50 – 18.30
orange a greng Ceinturen : 18.30 – 19.15
Draachen : 19.30 – 21.00

Aschreiwung op den Trainingen !

Den 7te Februar ginn am Dojo nëmmen d’Passage de Graden ofgehalen. Et ass keen normalen Training.

Respektéiert w.e.g. d’Auerzäiten an d’Gruppen.

Repêchage : Freides, den 6te März während dem Training. Et ass keen aner Repêchage virgesinn.

Léif Memberen, Famill a Frënn: Är Hëllef wär geschätzt!

D’Gemeng Mamer huet de Kamigaito Wado Ryu Karate Club Mamer invitéiert eng Soirée „SYRIAN NIGHT“ e Sonndeg, den 22. Dezember 2019 am Chalet (ALMHÜTTE) niewt der Äispist (bei Mamer Schlass) ze organiséieren.

Mir brauchen fir deen Owend ongeféier 35 Fräiwëlleger déi ons missten hëllefen d’Feierlechkeeten virzebereeden an d’Klienten um Dësch mat Iessen a Gedrénks ze bedengen.

Mir wiere frou wann Dir Iech kéint umellen andeems Dir de bäigefügten Umeldungsformular ausfëllt an en op volunteer@karate.lu schéckt.

Mir recycléieren Kimonoen a Karate’s Uniformen

Äre Kimono ass ze kleng ginn? / Has your Kimono become too small?
GEHEIT EN NITT EWECH!
 / DON’T THROW IT OUT!
ENG ANER PERSOUN KANN E BENOTZEN! / OTHERS WOULD BE HAPPY TO HAVE IT!

Mir sammelen Kimonoen a Karate’s (Ceinture, T-shirts, Trainingskostümer) fir se un aner Memberen vum Club weider ze reechen, mëttels engem klengen Don un de Club. Wann der esou Gezei hutt, da gitt et w.e.g virum 20. September 2019 am Dojo zu Mamer of. Dat Gezei gëtt den 4. an 8. Oktober ausgestallt um 17-18:30 Auer fir unzemoossen an eventuell mat Heem ze huelen.

We are collecting “gently used” karate attire (white uniforms, belts, and club branded sportswear) to be handed out to other members for a small donation to the club. If you have any karate attire you no longer need, please bring it to the Mamer Dojo no later than Friday 20 September 2019. We will then display the donations on Friday 4 October and Tuesday 8 October at 17-18:30 hrs so members can try on and acquire.

Froen? / Questions?  info@karate.lu