Eis Geschicht

De Wado Ryu Karate Club Mamer ass e Club mat enger laanger Traditioun. Et wor Ufank 1978, wéi dräi jonk Männer, den Emile Dax, den Alex Schuh an den Nicolas Welsch – héich motivéiert durch hir Expériencen aus demTraining beim Yoshikazu Kamigaito an der Zäit vun hirem Studium zu Léck – décidéiert hun, e Karate Club zu Lëtzebuerg ze grënnen.

Nodeems d’Statuten bis ausgeschafft woren, hun di dräi Männer sech op d’Sich gemaach no engem geeegenten Trainingssall. Sie woren vierstelleg bei der Gemeng Mamer, an et huet net laang gedauert, du kruten sie den Raoul-Follereau aus der Jean-Marx Schoul fir 2 Owenter an der Woch zur Verfügung gestallt.

An der Zäit koum den Meeschter Yoshikazu Kamigaito emmer rem op Mamer, fir déi lëtzebuerger Karate-Ka’en an deser Kampfkonscht ze instruéiren.
Säit sénger Grënnung am Joer 1978 hun iwwer 400 Karate’s-Interesséierten am Kamigaito Wado Ryu Karate Club trainéiert.

Am Joer 1985 as den Club dem Daachverband (FLAM) bäigetrueden.

Aktuell sin iwwer 140 Memberen am Alter vun 6 bis 60 Joer am Club aktiv, dovun hun 10 Memberen di schwaarz Ceinture.